Publié le 04/06/2026
Avec
Membre socialhub
Les événements de ce membre
agenda item

time 10:00-13:00

place icon CID Fraen an Gender + Lëtzebuerg City Museum

Langue : Luxemburgisch

Ajouter au calendrier

Et leeft net méi – Vun der Perimenopause an d’Menopause zur Postmenopause“

Konferenz vu Lëtz Menopause, an uschléissend Visite Guidée vun der Ausstellung „Et leeft“ am Lëtzebuerg City Museum.

D’Menopause ass eng natierlech an onëmgänglech Etapp am Liewe vun de Fraen. Trotzdeem bleiwen déi heefegst Symptomer — wéi Hëtzewallungen, Nuetsschweessen, Middegkeet, Schlofstéierungen, Reizbarkeet, Konzentratiouns- a Gediechtnisproblemer souwéi Gelenkschmäerzen, asw. — nach ëmmer ze dacks en Tabu oder ginn net richteg verstanen.

Konferenz vum Diane Elsen, Menopause Coach a Vize-Präsidentin vu Lëtz Menopause, an uschléissend Visite Guidée vun der Ausstellung „Et leeft“ am Lëtzebuerg City Museum.

Haut verbréngt eng Fra ongeféier en Drëttel bis zu der Hallschent vun hirem Liewen an der Perimenopause- a Postmenopause-Phase. Och wann d’Menopause keng Krankheet ass, kënnen hir Auswierkungen d’privat an d’berufflecht Liewen däitlech beaflossen. An deem Sënn ass si eng wichteg Fro vun der ëffentlecher Gesondheet an der Chancëgläichheet, déi am Kader vu Politik fir Diversitéit, Gläichstellung an Inklusioun (DEI) voll ugeholl a berücksichtegt muss ginn.

E bessert Verstoe vun de biologesche Mechanismen hannert de Symptomer, d’Opléise vu Virurteeler an d’Identifikatioun vun de wichtegste Sailen vun engem gesonde Liewensstil — wéi Ernierung, kierperlech Aktivitéit, Schlof oder Stressmanagement — erlaben et, dës Iwwergangsphas méi entspaant unzegoen. Gläichzäiteg hëlleft dat de Fraen, informéiert Entscheedungen ze treffen, fir hir Gesondheet haut an an Zukunft nohalteg ze schützen.

Dës Konferenz ass Deel vun enger Sensibiliséierungs- an Dialoginitiativ, mat dem Zil, méi inklusiv Aarbechtsëmfelder ze fërderen, an deenen d’Gesondheet vun de Fraen an all Liewensphase als e wichtege Faktor fir Wuelbefannen, Leeschtung a Chancëgläichheet unerkannt gëtt.

✉️info@cid-fg.lu

Vous souhaitez vous aussi partager vos événements sur socialhub ?

Nous contacter