Publié le 28/04/2026
Avec
Membre socialhub
Les offres de ce membre
sector Erzeier (w/m/x) - Residenzen vun der « Autonomie sécurisée nord »
address 10 rue du Chateau 4976 Bettange-sur-Mess Luxembourg

Temps de travail : mat 20, 30 an 40 Stonnen ab 01. 08.2026.

Type de contrat : CDI

Langues parlées : déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

Erzeier (w/m/x) – Residenzen vun der «Autonomie sécurisée nord»

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hier Residenzen vun der « Autonomie sécurisée nord » ze Veianen, Dikrech an op der Houschter Déckt méi Educateuren (w/m/x) mat 20, 30 an 40 Stonnen ab 01. 08.2026.

D`Autonomie sécurisée nord geht nei Weeër am Beräich Wunnen fir Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung, et wunnt een an als WG zesummen, am eegenen Appartement oder engem inklusiven Projet.

Är Aufgabe wärt sinn eisen Service während enger 24/7 Präsenz vir Ort ze vertrieden, gezielt RdV zesummen mat den Locataire fir Hellefstellungen ze absolvéiren an Assitenz ze leschten, wou sie individuell gebraucht gëtt.

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif …).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/ Autorisation d’exercer sinn
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Wënschenswäert UfuerderungenErfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn
  • Mir bidden

    • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
    • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

    Postuler ici 

Vous souhaitez vous aussi partager vos événements sur socialhub ?

Nous contacter