sector Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf Dir hutt 20D an 6St bis dësen Job zougemaach gëtt

Temps de travail : 20 Stonnen/Woch

Type de contrat : CDI

Langues parlées : luxembourgeois, le français et l’allemand

Niveau d’étude : Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn

Een Diploméirten Erzéier (W/M/X)

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf, een Diploméirten Erzéier (w/m/x), fir een CDI, 20 Stonnen/Woch - fir ab dem 01/09/2026 oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif …).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

 

Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

 

D’Kandidate sollen:

 

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger « Autorisation d’exercer » sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

 

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

Mir bidden

 

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

 

 

Vous souhaitez vous aussi partager vos événements sur socialhub ?

Nous contacter