Publié le 28/04/2026
Avec
Membre socialhub
Les offres de ce membre
sector Een diploméierten Infirmier (w/m/x) - Haus Naidsen
address 10 rue du Chateau 4976 Bettange-sur-Mess Luxembourg

Temps de travail : 40H

Type de contrat : CDI

Langues parlées : Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.

Niveau d’étude : Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn.

Expérience professionnelle : Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.

Een diploméierten Infirmier (w/m/x) – Haus Naidsen

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur Haus Näidsen, een diploméierten Infirmiere (w/m/x) - fir een CDD (Dispens + congé maternité an congé parental), 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif …).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Betreiung am Gesondheetsberäich vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger « Autorisation d’exercer » sinn.
  • Beruffserfarung hunn.
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
  • Posten ze besetzen a Schichten am Dag an an der Nuecht, jee no Organisatioun vum Service an den operationelle Besoinen.
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen.
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.
  • De Führerschäin Klass B hunn.

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Postuler ici

Vous souhaitez vous aussi partager vos événements sur socialhub ?

Nous contacter