Temps de travail : 30 HEURES / SEMAINE
Type de contrat : CDI
Langues parlées : Beherrsche vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass obligatoresch
Niveau d’étude : Berufflech Erfarung an engem änleche Beräich hunn
Een diploméierten Erzéier (w/m/x)
Een diploméierten Erzéier (w/m/x)
CDI – 30 Stonnen/Woch – no Ofsprooch
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif …)
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot
Responsabilitéiten
An eise Familljen-Wunnengen zu Péiteng, ass et an der Responsabilitéit vum … 6 Elteren ze begleede bei:
- der Ëmsetzung vun hirem „Projet de vie“ mam Kand
- der Organisatioun vum Alldag
- dem Opbau an dem Erhale vun enger Elteren-Kand Bezéiung
- der Ënnerstëtzung vun der Entwécklung vun hirem Kand
Obligatoresch Ufuerderungen
- Berufflech Erfarung an engem änleche Beräich hunn
- Motivéiert sinn fir en innovative Service mat opzebauen
- Beherrsche vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass obligatoresch
- Flexibel an de Schaffzäite sinn
- Excellent relational a kommunikativ Kompetenzen hunn
- Souwuel aleng wéi och an enger Equipe schaffe kennen
- Gutt redaktionell an organisatoresch Kompetenzen hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngunge
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung an hire Kand
Vous souhaitez vous aussi partager vos événements sur socialhub ?
Nous contacter