Les offres de ce membre
14/05/2026
14/05/2026
13/05/2026
Temps de travail : 20H
Type de contrat : CDI
Langues parlées : Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
Niveau d’étude : Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
Een Diploméierten Educateur an een Aide-soignant (w/m/x)
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir néi Wunnstruktur Haus Beim Besch - um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht Een Diploméierten Educateur an een Aide-soignant (w/m/x) fir een CDI - 20 Stonnen /Woch- fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif …).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger « Autorisation d’exercer » sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- De Führerschäin Klass B hunn
Vous souhaitez vous aussi partager vos événements sur socialhub ?
Nous contacter