Publié le 14/05/2026
Avec
Membre socialhub
Les offres de ce membre
sector Wunnstruktur zu Betten (Fermette)
address Domaine du Château | 10, rue du Château | L-4976 Bettange-sur-Mess

Temps de travail : 40H

Type de contrat : CDI

Langues parlées : Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

Niveau d’étude : Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

een diploméierten Erzéier (w/m/x)

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur zu Betten (Fermette), een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI - 40 Stonnen/Woch - fir ab dem 01.07.2026

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif …).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Vous souhaitez vous aussi partager vos événements sur socialhub ?

Nous contacter